Den Everesting4all ass eriwwer…
An et war e grousse Succès !
72 Participante sinn am ganze ronn 64.700 Héichtemeter gefuer, méi wéi 7 mol de Mount Everest ! !
12 Donateuren hunn eis finanziell ennerstëtzt, mat engem Gesamtbetrag vu 1.600 € !
Insgesamt hu mir all zesummen esou méi wéi 2.600 € fir den Télévie zesummegedro !
Besonneg gefreet hunn eis och déi vill positiv Réckmeldunge vun de Participanten an Donateuren !
IECH ALL E GANZ, GANZ GROUSSE MERCI !!
Dir frot Iech, wat den Everesting4all war ? Da klickt hei !
… oder nët ???
Hutt Dir scho vu vum “Club des Cinglés du Mont-Ventoux” héieren ?
De Luc Mergen awer ! Hie wëll dësen Challlenge op seng Manéier ugoen a sou hëllefen, nach méi Sue fir den Télévie-Center Feelen ze sammelen !
Hei wéi hien dat ganzt beschreift :
De 24ten oder de 25ten Mee probéieren ech de Cinglés du Ventoux (3x Ventoux: BEDOIN-MALAUCENE-SAULT) mat méngem Klapprad ze maachen. Wéi scho geschriwwen, maachen ech dat gäeren fir de Gudden Zweck.
Am Kader vum Télévie zu Feelen sinn ech och mam Klappi matgefuer an déi Leit, déi mech lo wëllen ënnerstëtzen, kënnen dat nach ëmmer op folgende Konto maachen. Eenzeg ass, datt een lo soll d‘ Mentioun « Cinglé-Ventoux-Klapprad » dobäi schreiwen.
Ech soen iech lo scho villmools merci an ech hoffen et « klappt »!
Nom : Fondation Kiwanis CP 3
LU46 0019 8055 1162 3000
BCEELULLXX
Mention : Cinglé-Ventoux-Klapprad
Mir soen dem Luc e ganz, ganz grousse Merci fir dës super Aktioun an hoffen, datt vill vun Iech hie mat engem Don fir den Télévie ënnerstëtzen !
Op dëser Säit fannt Dir reegelméisseg Informatiounen zu séngem Challenge an, den Dag selwer, och Fotoen a Videoen.
Also kommt vun Zäit zu Zäit kucke wat et neies gëtt !