Ënnerstëtzt eis mat engem Don

Engagéiert Iech zu engem Don un den Télévie !

Hëlleft eis hëllefen an engagéiert Iech, eis Participanten duerch en zousätzlechen Don un den Télévie nach méi ze motivéieren !

Iwwer e Parrainage kënnt Dir den Everesting4all, an domat den Télévie, ënnerstëtzen, och wann Dir net selwer matfuert.

Mir proposéieren Entreprisen a privaten Donateuren, sech am Virfeld ze engagéiere fir, pro Tour, e klenge Montant ze spenden. Et ass méiglech, e Maximum ze fixéieren, sou datt ee weess, datt e gewësse Montant net iwwerschratt gëtt, egal véivill Tier gefuer ginn. Zum Beispill kéint ee sech engagéieren, 1 Euro pro Tour ze ginn, mat engem Maximum vu 50 oder 100 €...

Nom Enn vun der Manifestatioun kréien all d’Donateuren d’Zuel vun de gefuerenen Tier matgedeelt a kënnen den entspriechende Montant, laut hirem Engagement, spenden.

Dësen Don geet net un eis, mee direkt un d’Fondation Kiwanis, déi fir den Télévie responsabel ass. Op dës Manéier ass all Donateur sécher, datt seng Suen zu 100% do ukomme wou se sollen – a kritt e Certificat fir d’Steiererklärung.

Mir wäerten all d’Donateuren op dëser Säit oplëschten, natierlech kann een awer och en anonymmen Don maachen. Entreprise kënnen do och hire Logo publizéieren an, ab engem Don vu 5€ pro Tour mat engem Maximum vu 500 €, eng Reklamm op der Plaz maachen.

Merci och fir de klengsten Don, well all Euro zielt !

Eis Donateuren

Mir soen dëse Leit Merci dofir, datt si den Télévie am Kader vum Everesting4all mat engem Don ënnerstëtzen :

  • Christianne Mergen, 1€ pro Tour bis 150 €

  • Rui Barandas, 2,5 € pro Tour bis 100 €

  • Hubert Nelissen, 2 € pro Tour bis 100 €

  • Gérard Koob, 1 € pro Tour bis 200 €

Hei drënner gesäit een, wéivill dat pro Tour ausmecht :